EF
Digital Classroom
eduDocs
eduLibrary
IAM
eduguichet
Support
Ecole

Le « Wëssensatelier » à l’École « Am Sand » : apprendre en créant

Publié le 21 novembre 2025
wëssensatelier

LU:


10 Joer Wëssens-Atelier : eng Décennie voller Entdeckung a Kreativitéit

Dëst Joer feiere mir 10 Joer Wëssens-Atelier – eng Initiativ, déi zënter enger Décennie fir Kreativitéit, Begeeschterung an eng dynamesch Approche vun de Wëssenschaften a vun der Technik steet. D’Iddi hannendrun ass einfach, mee immens effikass: Kanner tëschent 8 an 12 Joer kréien d’Méiglechkeet, Technologie a Wëssenschaft op eng ganz konkret Manéier z’erfuerschen. Si experimentéieren, probéieren aus, bauen, diskutéieren – a gesinn mat hiren eegene Hänn, wéi d’Welt ëm si funktionéiert.

An enger Zäit, an där Bildschiermer ëmmer méi eng dominant Roll spillen, hëlleft de Wëssens-Atelier de Kanner eng gesond Screen-Life-Balance ze fannen. Hei kréien si Raum fir Kreativitéit, fir Beweegung, fir Zesummenaarbecht an – am wichtegsten – fir eppes Reelles ze gestalten an dorop houfreg ze sinn. Dat stäerkt net nëmmen hir technesch Kompetenzen, mee och kritescht Denken, Teamgefill an d’Fäegkeet, nei Léisungen ze fannen.


De Wëssens-Atelier an der Schoul Am Sand : Léieren duerch Maachen

An der Primärschoul Am Sand zu Nidderaanwen huet de Wëssens-Atelier eng ganz besonnesch Plaz. Zënter 2016 léieren d’Kanner hei d’Wëssenschaften an d’Handwierk op eng praktesch, spilleresch a kreativer Aart a Weis kennen. Ënnert der Opsiicht vun engagéierten Enseignanten dierfen d’Kanner mat Tools schaffen, déi si dacks nach ni virdru benotzt hunn – eng See, e Léitkollef, e Schrauwenzieher a vill méi.

Am Kader vun den Eveil aux Sciences-Coursen hunn all Kanner tëscht 8 an 12 Joer 4 bis 6 Stonnen Atelier pro Trimester. All Klass schafft un engem eegene Projet: Holz, Keramik, kleng technesch Experimenter, Pneumatik oder Elektrizitéit. D’Zil ass kloer: Virwëlz erwächen, Kreativitéit stäerken an d’Verständnis fir déi technesch Welt verdéiwen.

D’Schoul Am Sand profitéiert vu gutt equipéierten Infrastrukturen: zwee voll ausgestatten Atelieren (Holz a Keramik) an nach en zousätzleche Raum, deen et erlaabt, parallel Gruppen ze guidéieren. Mat der staarker Ënnerstëtzung vun der Gemeng an dem asazbereeten Team vun der Schoul ass de Wëssens-Atelier e festen a wichtege Bestanddeel vum Schoulliewe ginn.

Anescht wéi am traditionelle Schoulunterrecht kommen am Atelier ganz aner Fäegkeeten zum Virschäin: Verantwortung iwwerhuelen, selwer Léisunge sichen, zesummeschaffen, mat den Hänn denken. Et ass eng Plaz, wou d’Kanner Talenter weisen, déi am normale Klassesall heiansdo net erausstiechen.

De Wëssens-Atelier ass also eng Fënster an d’Welt vum Schaffen, Experimentéieren a Selwermaachen – eng Plaz, wou d’Kanner d’Wëssenschaft net just geléiert kréien, mee wierklech erliewen.

Artikel aus der « Revue Technique Luxembourgeoise Hors Serie #20 »


FR:


10 ans de « Wëssensatelier » : une décennie de découverte et de créativité

Cette année marque les dix ans du « Wëssensatelier », une initiative qui, depuis une décennie, stimule la créativité, l’enthousiasme et la curiosité scientifique des enfants. Fondé sur une idée simple mais puissante, le « Wëssensatelier » offre aux élèves de 8 à 12 ans la possibilité d’explorer l’univers des sciences et des technologies à travers des expériences concrètes. Ici, on ne « apprend » pas seulement : on essaie, on manipule, on construit et on comprend par soi-même.

Dans un monde où les écrans occupent une place croissante, le « Wëssensatelier » rappelle l’importance d’une saine screen-life-balance. Il propose aux enfants des espaces où ils peuvent créer, réfléchir, collaborer et donner forme à leurs idées. En découvrant la science de manière tangible, ils développent non seulement des compétences techniques, mais aussi une pensée critique, le travail en équipe et la capacité à trouver leurs propres solutions – autant d’éléments essentiels d’une éducation moderne.


Le « Wëssensatelier » à l’École « Am Sand » : apprendre en créant

À l’École « Am Sand » de Nidderanven, le « Wëssensatelier » occupe une place toute particulière. Ce dispositif pédagogique, présent dans l’école depuis 2016, permet aux élèves de découvrir les sciences et les techniques de manière concrète, créative et pratique. Encadrés par des enseignants formés et passionnés, les enfants apprennent à manier des outils comme la scie, le fer à souder ou le marteau – souvent pour la première fois.

Intégré aux cours Éveil aux Sciences, le « Wëssensatelier » offre à tous les élèves de 8 à 12 ans entre quatre et six heures d’atelier par trimestre. Chaque classe réalise un projet spécifique : travaux du bois, petites expériences techniques, introduction à la pneumatique ou à l’électricité… L’objectif est de développer la curiosité, la créativité et la compréhension du monde technique qui les entoure.

L’École « Am Sand » bénéficie pour cela d’infrastructures particulièrement bien adaptées : deux ateliers – bois et céramique – ainsi qu’un espace supplémentaire permettant d’organiser plusieurs groupes en parallèle. Grâce au soutien actif de la commune et à l’engagement des enseignants, le « Wëssensatelier » est devenu un élément essentiel de la culture scolaire.

Au-delà des apprentissages théoriques, les enfants y développent aussi des compétences transversales : collaboration, sens des responsabilités, autonomie et confiance en soi. C’est un lieu où chacun peut montrer ses talents, parfois différents de ceux révélés en classe traditionnelle.

Le « Wëssensatelier », c’est donc une fenêtre ouverte sur la science, le bricolage et la découverte, qui permet aux élèves d’expérimenter, de comprendre… et de s’émerveiller

Article de la « Revue Technique Luxembourgeoise Hors Serie #20 »