EF
Digital Classroom
eduDocs
eduLibrary
IAM
eduguichet
Support

Découvrez nos actualités

Réinitialiser
Pizzauewen (16)
Maarkollef

Inauguration du Four à pizza au « Kannergaart »

🍕 De Pizzauewen am Kannergaart ass ageweit! Den 1. Oktober 2026 war et endlech esou wäit: De Pizzauewen am Kannergaart gouf feierlech ageweit! Mat dobäi waren d'Memberen vun der Asbl Maarkollef d’Léierpersonal aus der Schoul Am Sand, Vertrieder vun der Gemeng, d’Kanner, déi beim Bau gehollef hunn, d’Elterevereenegung an natierlech och den David Henschen, deen de ganze Projet geleet a begleet huet. D’Iddi fir de Pizzauewen ass schonn 2024 bei der ASBL Maarkollef entstanen. D’ASBL huet och d’Organisatioun vum Projet iwwerholl. De 23. Abrëll 2025 gouf zesumme mat de Schülerinnen a Schüler vun der Schoul Am Sand den éischten Entworf ausgeschafft. Duerno gouf et konkret: An insgesamt aacht Atelieren hunn d’Kanner déi eenzel Chamotte-Zillen geformt. Iwwer d’Summervakanz goufen d’Zillen gebrannt, ier am Oktober 2025 déi eenzel Deeler zesummegebaut goufen an de Pizzauewen seng definitiv Form krut. Duerno huet sech d’Gemengeverwaltung ëm e fachgerecht an de Sécherheetsufuerderunge entspriechende Kamäin gekëmmert. Bei der Aweiung gouf et dann och direkt den éischte richtege Praxistest: D’ASBL Maarkollef huet frësch Pizzaen direkt aus dem neie Pizzauewen zerwéiert, an d’Gemeng huet fir d’Gedrénks gesuergt. 🍕🔥 E grousse Merci un all déi, déi dëse flotte Projet méiglech gemaach hunn – virun allem un d’Kanner, déi mat vill Begeeschterung selwer mat ugepaakt hunn, an un d’Elterevereenegung, déi de Projet mat engem Don finanziell ënnerstëtzt huet.Kuckt iech hei e klenge Video vun der Aweiung un Publié le 2026-10-01
IMG_4914
APE

Back to School "Kaffi-Croissant"

Am Kader vun der Rentrée an der Schoul "Am Sand" hu mir den traditionelle Back to School "Kaffi-Croissant" organiséiert. Wi ëmmer war en e vollen Erfolleg. Merci dass dir komm sidd. Publié le 2026-09-15