EF
Digital Classroom
eduDocs
eduLibrary
IAM
eduguichet
Support
Ecole

Schoulsportdag 2026

Publié le 22 mai 2026
Schoulsportdag 2026

Den 22. Mee 2026 huet eis Schoul e flotte Schoulsportdag organiséiert. De ganzen Dag iwwer haten d'Schülerinnen a Schüler d'Méiglechkeet, verschidde Sportaarten an Aktivitéiten kennen ze léieren an auszeprobéieren.

Moies stoungen Atelieren a Workshops um Programm, déi a Zesummenaarbecht mat lokale Veräiner an Acteure realiséiert goufen: BBC Gréngewald Hueschtert, FC US Hostert, Karateclub Niederanven, IDEA Dance School, Badminton Club Schuttrange, ASIFEC Volleyball Club, CGDIS CIS Niederanven-Schuttrange, Kloterclub Niederanven, Tennis Club Senningerberg, Amicale de la Pétanque, Police – Verkéiersgaart, Maison Relais Niederanven an Yoga by Body Mind Soul.

Wärend enger gemeinsamer Paus huet d' APE Niederanven de Schülerinnen a Schüler eng Erfrëschung, Uebst an e Snack offréiert.

Nomëttes huet de Schoulsportdag mat engem grousse Gemeinschaftslaf pro Cycle am Parc de l'Europe säin Ofschloss fonnt. Bei beschtem Wieder stoungen d'Freed un der Beweegung, de Fairplay an d'Gemeinschaft am Mëttelpunkt. Mir soen all de Veräiner, Partner an Helfer e grousse Merci fir hiren Asaz an hire Bäitrag zu dësem gelongene Sportdag.

Fannt hei eng Video Reportage mat flotten Andréck: