Wandturbin zu Nidderaanwen
Publié le 11 juin 2026
Villäicht hutt dir schonn eppes vun der Wandmillen héieren, déi an eiser Gemeng gebaut soll ginn. Wann net, dann ass dësen Artikel genee fir iech. A wann dir schonn dovun héieren hutt, kënnt dir hei vläicht nach e puer nei Saache léieren.
Wat ass eng Wandturbin?
Eng Wandmillen ass eng grouss Anlag, mat där ee Stroum aus Wand produzéiert. Si huet meeschtens dräi grouss Blieder, déi sech am Wand dréinen (kuckt d'Bild).
D'Wandturbin soll tëscht Iernster a Roudebierg, beim Engelshaff, opgeriicht ginn.
Firwat eng Wandmillen?
Si produzéiert Stroum aus enger erneierbarer Energiequell, nämlech aus Wand. Dobäi entsti bal keng CO₂-Emissiounen. Dat ass gutt fir d'Klima.
Och Solarplacke si gutt fir d'Ëmwelt a produzéieren och am Wanter Stroum. Allerdéngs ass hir Leeschtung dann dacks méi niddreg, well d'Deeg méi kuerz sinn an d'Sonn manner staark schéngt. Dofir ergänze Wandmillen a Solarplacke sech gutt.
Wéini gëtt se gebaut?
No den aktuelle Pläng soll de Bau am Joer 2027 ufänken. Wann alles no Plang leeft, soll d'Wandmillen 2028 fäerdeg sinn.
Si soll ronn 9,4 Millioune Kilowattstonnen Stroum pro Joer produzéieren. Dat géif duergoe fir ongeféier 2.089 Haiser mat Stroum ze versuergen.
De produzéierte Stroum kann net nëmme vun den Awunner aus der Gemeng benotzt ginn. Wann méi Stroum produzéiert gëtt wéi gebraucht gëtt, kann en och an dat allgemengt Stroumnetz agespeist ginn.
Wéi gesäit eng Wandmillen vu bannen aus?
An enger Wandturbin dréinen déi dräi Blieder, wann de Wand bléist. Dës Beweegung gëtt iwwer eng Staang an aner mechanesch Deeler un e Generator weiderginn.
De Generator mécht aus där Beweegungsenergie elektresche Stroum. De Stroum gëtt duerno iwwer Kabelen an d'Stroumnetz geleet a kënnt esou bei d'Haiser, d'Schoulen an d'Betriber.
Uewen an der Wandmillen sinn och verschidde Maschinnen an Apparater installéiert, déi dofir suergen, datt alles richteg funktionéiert. Fir Ënnerhaltsaarbechte gëtt et bannenan eng Trap an heiansdo souguer e klengen Lift.
D'Wandturbin zu Nidderaanwen kéint an Zukunft e wichtege Bäitrag zur nohalteger Stroumproduktioun leeschten. Si géif propper Energie produzéieren an hëllefen, manner fossil Brennstoffer ze verbrauchen. Et bleift spannend ze gesinn, wéi de Projet sech an de kommende Joren entwéckelt.
Von Théo