EF
Digital Classroom
eduDocs
eduLibrary
IAM
eduguichet
Support
Ecole

Eng Mënschekette fir d’Rechter vun de Kanner

Publié le 20 novembre 2026
weltkannerdag

Am Kader vum Weltkannerdag, deen all Joer den 20. November gefeiert gëtt, huet eis Schoul eng gemeinsam Aktioun organiséiert: eng Mënschekette, bei där Schüler aus alle Zyklen deelgeholl hunn.

De Weltkannerdag erënnert dorun, datt all Kand Rechter huet – dorënner d’Recht op Bildung, Schutz, Gesondheet a Matbestëmmung. Mat Aktiounen, Gespréicher a kreative Projete kënne Schoulen dozou bäidroen, dës Rechter siichtbar ze maachen an d’Kanner z' encouragéieren, sech fir eng gerecht an solidaresch Welt anzesetzen.

Parallel zu eiser Schoul hunn och Schüler aus eise Partnerschoulen am Rwanda matgemaach. Si sinn och an eisem Teaser-Video ze gesinn. De Video stellt d’Rechter vun de Kanner an d’Wäerter vun eiser Schoul an de Mëttelpunkt.

Villmools Merci u jiddereen, dee matgemaach huet!

Téléchargements